Lompekréimer

Lompekréimer

Hei gëtt gesabbelt mam Patrick Marques

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Influencer aus Lëtzebuerg? Kléngt fir d'Éischt emol verréckt, gëtt et awer. Den Beweis dofir ass eisen Gaascht vun dëser Folge, den Patrick Marques, deen eis ënnert anerem och nach all eenzelen Knachen am Kierper problemlos zum Baschten bréngen kéint. Hien ass nämlech Karateka an der Nationalekipp an huet virun der Pandemie fir Olympia trainéiert.

Hei gëtt gesabbelt mam T the Boss

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Wann een vum "T the Boss" schwätzt, verbënnt een domadder oft eng Lëtzebuerger Rap-Legend, déi schonn säit Joerzéngten net méi aus der nationaler Hip-Hop Zeen ewech ze denken ass. Mir hunn mat him an engem labberen Gespréich iwwert Gaming, seng Passioun fir den Fussballclub aus Barcelona, awer natierlech och iwwert Musek geschwat. Ech hoffen iech gefält dat sympathescht Gespréich genau esou gutt ewéi eis.

Octopussy

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Wat ass déi beschte Schlofpositioun? Déi erfollegräichsten Mënschen schlofen um Réck, den Daniel net. Ausserdeem sinn Tëntefësch an Tentakelen an der Diskussiounsronn vertrueden (nee keen Fetisch-Talk) an ongewéinlech Fakten iwwert Déieren. Mir kéinten engem T-Rex warscheinlech labber fort lafen, wat den Film Jurassic Park vill manner spektakulär wierken léisst. An zum Schluss ginn et erëm Film-Tipps, stay tuned.

Läichewon

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Den Daniel setzt ouni säin Mikro am iwwerraschend vereenten Portugal, an huet sech 1Slip méi agepaakt, am Fall wou eppes an d'Box geet, wien kennt dat net? Alt wéinstens reesen mir net mat enger Läich am Gepäck... Dout sinn ënnert anerem och definitiv d'Fraerechter an der Tierkei, spéitstens nom rezenten Tëschefall mam Ursula von der Leyen.

Hurra, die Schule brennt!

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Den CR7 war zu Lëtzebuerg op Besuch an huet just Verwüüstung hannerlooss, dat zumindest am Stade Josy Barthel. Wéi den Folgentitel et vläicht vermudden léisst, gëtt och an dëser Episod erëm mächteg op eisen Bildungssystem geknëppelt. Mir stellen eis och Legitimitéit vum Genderen a Fro, an baséieren eis op en Interview vum Prof. Dr. Richard David Precht géigeniwwer der "Welt".

DÄIWELSKÄREL

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

GERSON RODRIGUES, DU DÄIWELSKÄREL!!! Wat hunn eis rout Léiwen een staarken Quali-Optakt an déi dach ganz ëmstridden WM am Katar dohin geluecht. Do kann een als Lëtzebuerger nëmmen houfreg sinn. Net sou houfreg ass dann wuel den Kapitän vun der "Ever Given", deen den hallwen Welt-Marché mat senger grandioser Aktioun lahm geluecht huet. Lahm geluecht ginn och elo Schnorrer-Accounts bei Netflix an schonn säit mëttlerweil 1 Joer den Kontakt ënnereneen, an dat stéiert virun allem eng Altersgrupp: déi Jugendlech. Déi versammelen sech trotzdeem, maachen Knascht an verbreeden den Virus. Mee wat vir een Choix hunn se ? Wat d'Episod méi laang gëtt, wat se méi asi gëtt, wéi dem Donald Trump seng Amtszäit.

Haaptsaach e Vull

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

De Mike zielt eis iwwert seng Erfarungen am Uespelter Schlass an doriwwer eraus gëtt iwwert dat ongeschriwwent Gesetz beim (Männer-)Pissoir geschwat; Männer, dir kennt dat all. An Holland ginn déi éischt Metadaten gesammelt wann Testpersounen sech an Concerts-Säll treffen, wien weess, villäicht kenne mir rëm gläich op een Otto Waalkes Optrëtt?! Des Weideren diskutéieren d'Lompekréimer hëtzeg iwwert d'Hierkonft vum Begrëff "Pappa" an wéini deen sech etabléiert huet. Eng reegelrecht Debatt gouf duerch dem Daniel seng Fro ausgeléist, op den Schoulsystem vun Grond op misst geännert ginn.

De wäisse Slip

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Mask vergiess? Mat bëssen Kreativitéit ass dat allerdéngs guer keen Probleem. Mir schwätzen och weider iwwert den geplangten Space-Hotel, deen 2027 an Betrib goen soll. Prokrastinatioun ass an dëser Folge och mat vun... oh komm, mir schreiwen de Recht en aner Dag.

Sex-Rollator-Gang

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Den Daniel ass zeréck aus der Schwäiz an ass begeeschtert iwwert déi erbaarmungslos Disziplin wat Corona-Mesuren ugeet. Den Mike wollt och goen mee dat kann en sech wuel elo ofschminken, well Lëtzebuerg ab dem 8. März erem als Risikogebitt gellt. Et huet eis déi traureg Noriicht erreecht, dass den Fausti gestuerwen ass. Zudeem gëtt iwwert en riiiiiiiisegen Skandal geschwat. Elektro Mobilitéit, an nohalteg Mobilitéit ass och en Thema. D'Impfcampagne ass an vollen Zich, leider schéngt et een vun der CFL ze sinn, well et leeft alles anescht ewéi ronn.

About this podcast

De Podcast vir d'Fra an den Mann, déi sech an d'Liewen net all ze eescht huelen an iwwert alles kenne laachen. Kommt eran, lauschtert no an loosst iech näischt anescht zielen.

by Daniel a Mike

Subscribe

Follow us