Lompekréimer

Lompekréimer

Ech sinn U-Boot

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Den Super Bowl war mat dat langweilegst Event am Joer. Mir beusprochen mam "Mister Universe" an "Miss Universe" en geféierlechen Titel géigeniwwer dem onerfuerschten Kosmos an sengen eventuellen Bewunner. War et net en Dram vun eis all, eemol als Kand an engem Kafhaus agespaart oder vergiess ze ginn, an déi ganz Surface vir sech eleng ze hunn ? Alles dat an nach vill méi Wäisheeten ginn an dëser lëschteger Ronn diskutéiert.

Mir hunn den Kéis

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D'Monica Semedo schéngt net méi grad esou frou, awer nach frou genuch vir ouni Partei am Europa Parlament setzen ze bleiwen. Den Mike fënnt eraus, dass den Daniel deen selwechten Musek Goût huet wéi hien an ginn sech géigesäiteg Film- an Serien-Tipps. An England gëtt et eng "Sportaart", bei där e puer Mënschen engem ganzen Kéis en extrem géien Hang erof nolafe. De Mike stellt Gretchenfrage : "Bal oder Disko". An dësen Zäiten wuel éischter Saufen Doheem. Mat Sex-Chats vun Fake Profiller loossen sech den Daniel an den Mike allerdéngs net lompen. Déi nächst Episod kennt op Grond vum Superbowl eréischt en Dënschden raus.
Wat ginn mir eis iwwerhaapt Méi ? Dat hei liest jo dach keen Schwäin.

Enttäuschend Zukunft

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Den Joe Biden ass den 46sten amerikanesche President, mee op senger Vereedegung krut eng Persoun méi Opmierksamkeet vun/an den Medien wéi hien; den Bernie Sanders. D'DP Europa Deputéiert Monica Semedo iwwerrascht (net) alt nees mat Mobbing Virwërf vun der Extra-Klasse an entschëllegt sech, enfin...et erkläert. Elteren vun den Millennials droen eng Matschold un der iwwersensibeler Gesellschaft vun haut an dem grousszügegen Mëssbrauch vun der political correctness. Eis Virfaren haten wuel eng aner Virstellung vun der Zukunft, eist "Haut".

Pokemon-Millionär

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D'Gespréich leeft schonn fréi séier aus dem Rudder; et gëtt prinzipiell vill ze vill iwwert Eeër geschwat. Eis Fräizäit Komiker diskutéieren iwwert déi intellektuell Relevanz vun TikTok an déi domadder verbonnen Masseverblödung vun den Millennials. Den Jean "National" Asselborn huet sech et ferm mam Nach-Ausseminister vun den USA verspillt. Speaking of Masseverblödung: All selwer ernannten, onverstane Genie vun Corona Skeptiker huet mëttlerweil d'Recht eng Demo ze organiséieren an benotzen ouni Skrupel Kanner zu Werbezwecker. Vun komeschen Mënschen iwwert komesch Sportaarten gëtt an dëser Episod Quer durch den Garten gepléckt. Do dierf een Gespréich iwwert Pokemon natierlech net feelen.

Baby-Elefant

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An der éischter Episod vum Joer 2021 schwätzen mir iwwert den Elefant am Raum; déi nei (al) Corona-Mesuren, déi - wéi mir fannen, zu Recht op vill Kritik stoussen. An Amerika ass den Zenit vun der Dommheet duerch den vum Nach-President Trump via Twitter ugestëppelten Stuerm vum Kapitol definitiv erreecht ginn. Deen krut säin Twitter Account doropshin gespaart. Zum Schluss gëtt sech nach bësschen iwwert den Kleedungsstil an den Jargon vun eisem Nowuess opgereegt, déi Lompekréimer...

Leguan Plo (Après-Chrëschtdag Spezial)

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Dëst ass een spontanen an onpreparéierten Dialog tëscht eisen Alpha-Lompekréimer. Et war keen Chrëschtdag ewéi soss, an trotzdeem huet een dat Bescht draus gemaach. Do ronderëm zielen sech den Daniel an den Mike Geschichten an pralen mat Hallefwëssen.

Et gëtt net geknallt

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D'Feierdeeg stinn virun der Dier an et gesäit esou aus, wéi wann d'Mesuren net wäerten gelackert ginn, au contraire. Chrëschtdag eleng, Silvester eleng, an keen Freedefeier. Den Tom Cruise dréint um Film-Set vum neien Mission Impossible duerch an scheit keng Käschten an Méi vir säin nächsten Film tatsächlech am All ze dréinen. Den Fazit vun enger schaarfer Analyse vun der aktueller Pandemie-Situation léisst sech duerch eng zäit ugepassten Floskel zesummefaassen : No der Kris ass net virun der Kris. Ah.. An Lëtzebuerger vum Joer gëtt wuel den Paul Philipp an héchstwarscheinlech net den Eric Rolgen.

Kaka am Trapenhaus

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Dem Daniel säin Hond huet Grouss an d'Trapenhaus vun der Residenz gemaach, soudass den Daniel een reegelrechten Shitstorm huet missen iwwert sech ergoen loossen. Am gläichen Kader stellen d'Podcaster fest, dass Trapen erop lafen guer net esou einfach ass an kennen net verstoen, dass Leit esou eppes fräiwëlleg als Sport bezeechnen. Ënnert anerem huet sech erausgestallt, dass et näischt gëtt, wat den Mike net kann an den Daniel warscheinlech am spéiden Alter un Alzheimer erkranken wäert, well en seng Gedanken net strukturéiert kritt. Een, deen definitiv keng hallef Saachen mecht ass den Jenke, deen säin Gesicht vir e puer Stonnen Fernsee Ënnerhalung geopfert huet. Natieleche däerf eng Revue vun den neien, scharf kritiséierten Corona-Mesuren vun der Regierung och net feelen. Den Sportcheck geet vun Fussball iwwert Boxen, NFL an Formel 1. Loosst iech näischt anescht zielen.

About this podcast

De Podcast vir d'Fra an den Mann, déi sech an d'Liewen net all ze eescht huelen an iwwert alles kenne laachen. Kommt eran, lauschtert no an loosst iech näischt anescht zielen.

by Daniel a Mike

Subscribe

Follow us