Pokemon-Millionär
D'Gespréich leeft schonn fréi séier aus dem Rudder; et gëtt prinzipiell vill ze vill iwwert Eeër geschwat. Eis Fräizäit Komiker diskutéieren iwwert déi intellektuell Relevanz vun TikTok an déi domadder verbonnen Masseverblödung vun den Millennials. Den Jean "National" Asselborn huet sech et ferm mam Nach-Ausseminister vun den USA verspillt. Speaking of Masseverblödung: All selwer ernannten, onverstane Genie vun Corona Skeptiker huet mëttlerweil d'Recht eng Demo ze organiséieren an benotzen ouni Skrupel Kanner zu Werbezwecker. Vun komeschen Mënschen iwwert komesch Sportaarten gëtt an dëser Episod Quer durch den Garten gepléckt. Do dierf een Gespréich iwwert Pokemon natierlech net feelen.
Comments
New comment