Haaptsaach e Vull
De Mike zielt eis iwwert seng Erfarungen am Uespelter Schlass an doriwwer eraus gëtt iwwert dat ongeschriwwent Gesetz beim (Männer-)Pissoir geschwat; Männer, dir kennt dat all. An Holland ginn déi éischt Metadaten gesammelt wann Testpersounen sech an Concerts-Säll treffen, wien weess, villäicht kenne mir rëm gläich op een Otto Waalkes Optrëtt?! Des Weideren diskutéieren d'Lompekréimer hëtzeg iwwert d'Hierkonft vum Begrëff "Pappa" an wéini deen sech etabléiert huet. Eng reegelrecht Debatt gouf duerch dem Daniel seng Fro ausgeléist, op den Schoulsystem vun Grond op misst geännert ginn.
Comments
New comment